ThermoConcept Futsal Cup 2017


18 January 2017

Mär invitéieren iech ganz häerzlech op den 9. ThermoConcept Futsal Cup den 21. an 22. Januar 2017 am Hall Omnisports zu Uewerkuer.



Lass geet et e Samchten um 13h00 mat de Minimes. Ab 16h00 stinn dann d'Scolaires um Programm an um 19h00 ass et un de Meedecher.



Sonndes ab 9h00 spillen d'Poussins, d'Bambinis fänken um 13h00 un an den Ofschloss maachen d'Pupilles ab 16h00.



Fir Iessen a Gedrénks ass natirlech beschtens gesuergt.