COMMUNIQUÉ


12 December 2019

❗️RICHTEGSTELLUNG ZU DE BESCHRIWWENE FAIT’E VUM MATCH VUN EISE JUNIORE GÉINT ETTELBRÉCK
 
Den FCD03 verurteelt all Gewalt am Zesummenhang mam Fussball, sief et um Terrain oder am Entourage. Mär condamnéieren a bedaueren de Virfall vum 7. Dezember beim Match vun eisen Junioren géint d’Etzella Ettelbréck.
Eng intern Ennersichung leeft. Opklärend Gespréicher gi mam Trainer an mat de Spiller gefouert. Bei dëse Gespréicher huet sech bis dato  Folgendes erausgestallt:
 
• Nom Match hunn 2 Camionnette mat 14 Spiller de Site verlooss, a si Richtung Déifferdeng gefuer.
 
• 1 Camionnette ass verkéiersbedingt am Schrëtttempo gefuer. Bei dëser Fahrt ass de Chauffeur duerch e Knuppert erféiert ginn. Spiller vun der Etzella, dei zu Fouss ënnerwee waren, hu géint d’Camionnette gerannt, ënnerstëtzt mat  provokanten Gesten a Wieder (eng Situatioun de bis elo nach net erwähnt ginn ass, mat Absicht oder net). D’Camionnette ass stoë bliwwen, eis Spiller sinn erausgeklommen an dei aner si fortgelaf. 2 sinn en Talus erofgelaf an hu sech an den Hecken verstoppt. Dei aner 5 si Richtung Terrain gelaf a sinn vun eisen Spiller verfollegt gin.
Et huet sech erausgestallt dass de Knuppert eng Folleg war vun Foustretter.
Mat dem trauregen Resultat dass de Pare-choc gerass ass an e Schued un der Carrossiere entstan ass. Dat Ganz op enger Heicht vun zirka 50 cm (Schued vun 1204 € laut Devis vum 12. Dezember 2019)
 
• Bedéngt duerch en Openthalt am Ausland konnt mat 3 Spiller vum FCD03 nach net geschwat gin. Gespréicher dei nogeholl ginn.
 
• Den FCD03 wäert alles dru setze fir der FLF an der Justiz ze hëllefen des Situatioun 100% ze klären. Déi Responsabel vum Veräin hu Kontakt mat der Police vun Diekirch opgeholl, an hier Hellef ugebueden.
 
• Mär verurteelen all Publikatioun an de Medien an op Facebook vu Spillernimm, fanateschen Kommentaren, Schlussfolgerungen, a Beschëllegungen, während eng Untersuchung leeft.
 
• Den FCD03 vertraut der Justiz an der Federatioun.