IN PACE


23 August 2020

Haut hu mär dei traureg Noricht vum Doud vum Robert Breden kritt.
De Roby war Grënnungsmember vum FC Déifferdeng 03, Präsident vun der AS Déifferdeng a laangjährege Member vum FCD03. 
Mär drécken der ganzer Famill eist häerzlechst Bäileed aus an dëser schwéierer Zäit. 
Als gudde Kolleeg an treie Supporter vum FCD03 wäert hien eis fir ëmmer a beschter Erennerung bleiwen. 
Maach et gutt Roby!